Burger Grillcours
Beschreiwung
Maacht mat eis eng Geschmaachsrees wou mir d'Konscht an d'Wëssenschaft ronderëm den ideale Burger entdecken.
Ënner der Uleedung vun eise kompetente Käch entdeckt dir eng Onmass Optiounen fir Burger Toppings an Zose wärend Dir léiert wéi een e säftege Patty mécht an de Grill kontrolléiert asetzt. Dëse Cours verbessert är Fäegkeete fir Burger ze maachen, egal ob dir en erfuerene Grillexpert sidd oder en Ufänger.

SCHWÉIERPUNKTER
– D'Elementer vum perfekte Burger
– Alles ronderëm de Patty an de Bun
– De richtegen Zesummebau vum Burger
– Grillmethoden an déi richteg Temperaturen
AM COURS ABEGRAFF SINN:
– Ronn 4 Stonne Cours (Limitéiert op 16 Persounen fir e Maximum u Qualitéit ze garantéieren)
– Zoubereedung vu verschiddene Burger, natierlech fir matzeschaffen
– Dossier mat de Rezepter vum Cours fir doheem nozegrillen
– Iessen a Gedrénks (inkl. alkoholeschem Gedrénks)
Notiz: D’Course sinn ab enger Mindest-Unzuel vun 10 Participanten garantéiert.
Et gëllen eis aktuell Bestell- a Stornobedinungen!