Introduktioun
Feier a Flam ass de Grillzenter zu Lëtzebuerg, spezialiséiert op d'Konscht vum Barbecue an all sénge Variatiounen, souwéi der Gesellschaft déi duerch dës Momenter vum Deelen tëscht de Gäscht entsteet. Dofir hu mir décidéiert eis Passioun ze deelen andeems mir d'Méiglechkeet ubidden Qualitéitsgriller fir Är Eventer ze lounen.
Egal ob et fir e klenge Grupp fir e Gebuertsdag, eng Party mat Frënn, e Firmenevenement oder souguer e Concert ass, ob Dir Profi oder Amateur sidd, mir hunn alles wat Dir braucht fir Ärt Grillevenement zu engem Erfolleg ze maachen.
Wéi eng Griller hu mir?
Eis Broil King Catering Gasgriller erlaaben Iech fir ongeféier zwanzeg Leit ze grillen, a mir hunn aktuell 3 Stéck dovunner an der Locatioun. (Link zum Modell an eisem Onlineshop). Dëse Grill ass mat 5 Edelstolbrenner ausgestatt, wéi och Gossroster. Duerch séng Power kann en innerhalb vu 15 Minutten op méi wéi 300°C erop hëtzen.
Mir hunn och 3 Gastro Griller (dovun 2 op rullbarem Chariot) vun der Mark Dross. Dës sinn Edelstol-Griller mat 3 Brenner ouni Deckel, am Stil vun de bekanntene Dëppefest-Griller.
Eis Griller hu jeweils 3 Brenner vun jeweils 4,5 kw a si mat Edelstol-Grillrost ausgestatt.
Mir bidden och en elektrësche Smoker vun der Mark Borniak fir d'Locatioun un. Mat dësem kritt Dir Pulled Pork, Brisket, gereecherte Saumon a villes méi hin.
Dee läschten an der Rei vun de Griller déi mer verlounen ass eng OFYR Feierplack. Dëst ass e flotte Grill fir zesumme mat Frënn a Famill ureg ronderëm en Holzfeier ze grillen. De Link zu eisem Modell an eisem Onlineshop fannt dir hei.
Sécherheet an Zouverlässegkeet
Präisser vun der Locatioun
- 1 Dag: 75€ TTC
- 2 Deeg: 150€ TTC
- 3 Deeg: 200€ TTC
- 4 Deeg: 275€ TTC
- 5 Deeg: 350€ TTC
- 6 Deeg: 400€ TTC
- 7 Deeg: 420€ TTC
All weideren Dag: 100€ TTC
- 1 Dag: 50€ TTC
- 2 Deeg: 100€ TTC
- 3 Deeg: 110€ TTC
- 4 Deeg: 160€ TTC
- 5 Deeg: 210€ TTC
- 6 Deeg: 220€ TTC
- 7 Deeg: 230€ TTC
All weideren Dag: 50€ TTC
- 1 Dag: 75€ TTC
- 2 Deeg: 150€ TTC
- 3 Deeg: 200€ TTC
- 4 Deeg: 275€ TTC
- 5 Deeg: 350€ TTC
- 6 Deeg: 400€ TTC
- 7 Deeg: 420€ TTC
All weideren Dag: 75€ TTC
- 1 Dag: 75€ TTC
- 2 Deeg: 150€ TTC
- 3 Deeg: 200€ TTC
- 4 Deeg: 275€ TTC
- 5 Deeg: 350€ TTC
- 6 Deeg: 400€ TTC
- 7 Deeg: 420€ TTC
All weideren Dag: 100€ TTC
Liwwerung vum Material
Botze vum Material
Wann Dir weder Zäit nach Loscht hutt de Grill selwer ze botzen, dann iwwerhuele mir déi Aarbecht fir de Präis vu 75,00 € TTC pro Grill och fir Iech.
E Service op Mooss
De Präis vun enger 11 kg Gasfläsch ass variabel an hänkt vum Dagespräis vum Gas of. De Präis vun enger Fläsch läit de Moment (Stand 14.04.2023) bei 28,20€ TTC. D'Autonomie wäert bei ongeféier 7 bis 12 Stonnen fir de Broil King Catering sinn a bei ronn 10 bis 15 Stonnen fir d'Dross 3-Brenner Griller.
Dir fannt och bei eis all Accessoiren, Gewierzer, Zosen déi Dir braucht fir Äert Gegrilltes op eng perfekt Manéier ze preparéieren.
Eis ganz Equipe ass passionéiert a wäert Iech gutt beroden. Eist Zil ass et Iech ze hëllefen onvergiesslech Erënnerunge ronderëm d'Grillen ze kreéieren.
Mir sinn do fir Iech bei der Organisatioun vun Ären Eventer z'ënnerstëtzen an Iech en Erfolleg ze garantéieren.
Konklusioun
Wann Dir interesséiert sidd fir e Grill ze lounen oder just méi Informatioune wëllt, kontaktéiert eis hei oder direkt am Geschäft.