BESCHREIWUNG

Am Steak Tasting WHISKY Spezial kombinéiere mer dat bescht vum Fleesch mat beschte Whiskyen. Aus ausgewielte Cuts vum lokale Metzler zaubere mer e klenge Leckerbëssen deen et versteet d’Fleesch besonnesch ervirzehiewen. Aus enger grousser Auswiel vun eenzegaartege Whiskyen präsentéiere mir bei all eenzelem Gang ee passende Whisky zum Fleesch am Detail.  
Esou kënnen d’Participanten vun dësem Cours déi ideal Kombinatioun vu Whisky a Fleesch genéissen, an an engem Rëtsch villes iwwer Fleesch a Whisky bäiléieren.
All eist Iessen ass natierlech lokal a vun exzellenter Qualitéit.  

D’Whisky’e gi virgestallt vun “The Luxembourgish Cask Selection” a sinn alleguer limitéiert Editiounen. Weider Informatiounen iwwer hier Whisky’e fannt dir op www.whisky.lu


SCHWÉIERPUNKTER

– Erklärungen zu verschiddene Cuts, a wéi een se am beschten zoubereed, all Whisky asw.
– Benotze vu verschiddensten Technike fir dat Bescht aus dem Fleesch ze huelen

AM COURS ABEGRAFF SINN:

– Ronn 3-4 Stonne Cours a gemittlecher Ronn (Limitéiert op 15 Persounen fir e Maximum u Qualitéit ze garantéieren)
– 5 Gäng Spezialitéite vum Grill mat beschtem Fleesch
– 5 passend Whiskyen zu all Fleesch
– Gedrénks (och Softdrinks)

Notizen: 
D’Course sinn ab enger Mindest-Unzuel vun 8 Participanten garantéiert. 
Et gëllen eis aktuell Bestell- a Stornobedingungen!