[Private Event] LMRL 1ières Konveniat
Feiere wéi deemools
Léif MattschülerInnen!
Mir hu laang iwwerluecht, mee dës Uried schéngt eis déi richteg ;)
Deen een oder aneren maach erféiert sinn iwwert den Datum den an d’Haus steet. Mee jo, et sinn elo effektiv 20 Joer hier dass mir zesummen am Premièresexamen souzen.
An et hëlleft elo och näischt laang Gesiichter ze maachen an driwwer nozedenken wou déi Zäit dann hin ass. Mir sollten alleguer zesumme feieren!
An dat maache mer!
Den 01. Juli 2022 ass Rendezvous um 18:00 am LMRL wou mir empfaange gi fir eng kleng Visitt vum neie Gebai a fir ee Patt.
Um 19:30 fuere mer mam Bus op eis Lieblings Grillplaz op der Drëps. Do gëtt gegrillt an e Patt zesumme gedronk bis um 23:00 oder um 01:00 rëm e Bus eis zeréck an d’Staat féiert.
Dat ganzt kascht 75€ op de Kapp, inklusiv dem Iessen, dem Gedrénks, allem Material an Installatiounen op der Drëps, dem Op- an Ofriichten souwéi de Bus Transferten aus der Staat an erem zeréck.
Sollt herno nom Decompte nach e puer Euro Rescht sinn, wäerte mir des Suen fir e gudden Zweck spenden.
Ween well ganz op Nummer sécher goen, dee kann sech den Emile.lu bestellen. Dee bréngt Iech fir nëmme 25€ an de Rodange an dono um 23:00 oder 01:00 erëm heem bis virun d’Dier. Ënner dësem Link kanns du den Emile.lu reservéieren. Et kann een och nemmen one way fueren, den Präis ännert awer net.
Umeldungen op Event Code: 4665, Passwuert: LMRL2022
Mir géifen eis freeën wanns du dech bis den géings umellen.
A grousser Virfreed,
Är Organisatiouns Equipe
Rodange Première 2001/2002