Newsletter

Events

Events Kalenner

<< Jun 2020 >>
MTWTFSS
1 2 3 4 5 6 7
8 9 10 11 12 13 14
15 16 17 18 19 20 21
22 23 24 25 26 27 28
29 30 1 2 3 4 5

Instagram posts

Verfolleg eis: Newsletter

Language / Sprooch: 

Cart 0
  • No products in the cart.

Säite-Menu

Top

Grill Akademie

 / Grill Akademie

Coursen a Grillevents

Feier a Flam steet fir d’Freed un der Zoubereedung vu qualitativem Iessen. An eise Coursen a Grillevents kritt dir gewisen, dass Grillen hautesdags méi ass, wéi nëmme Grillwurschten iwwer der Kuel ze dréinen.
D’Palette vun de Course geet vun Ufänger iwwer avancéiert Techniken, bis hin zu spezialiséierte Course wéi d’Wantergrillen, reng Vegetaresch grillen, oder esou guer spezialiséiert Kannergrillcoursen.

Niewt de Coursen gëtt et awer och Events, wéi z.B. Steak Tastings, an deenen dir Ënnerscheeder tëscht Räifungsmethode gewuer gitt, d’Virdeeler vu verschiddene spezialiséierte Zouschnëtter (Cuts) ze schätze léiert, a léiert wéi een e perfekte Steak ka grillen.

All Coursen an Events ginn a klenge Gruppe bis 12 Leit organiséiert, sou dass garantéiert ass, dass jidderee Spaass kann hunn, an e Maximum vun den Tipps a Wëssenswertem ronderem d’Grille kann dovun droën.

Klickt einfach op d’Coursen oder Events fir méi gewuer ze ginn.


BASIS Grillcours

Am Basis Grillcours kréien d’Participanten d’Grondlage vum moderne Grille gewisen, um Kuelegrill wéi och um Gasgrill. Mer ginn op verschidde Grillmethoden an Techniken an, a bereeden zesummen de Menü um Grill zou, deen dono giess gëtt.


AVANCEIERTE Grillcours

Den Avancéierte Grillcours setzt um Basis Cours op, an ass virun Allem fir Leit déi hiert Grondwësse vum moderne Grille wëlle verdéiwen an diversifiéieren. 
De passionnéierte Griller kritt eng Rei avancéiert Grilltechniken a Grillmaterial gewisen, a kann hëllefen e puer ongewéinlech Saachen um Grill ze zauberen.


STEAK TASTING

Dëse Cours geet exklusiv ëm Fleesch, wéi een et soll auswielen a behandelen fir de perfekte Steak ze grillen. Mer ginn op den Ënnerscheed tëscht Wetage an Dryage an, a weise wéi een aus villen – oft nach manner bekannte – Stécker Fleesch e richtege Leckerbësse kann zauberen.
Déi verschidde Methode fir dëst Fleesch zouzebereeden, kombinéiert mat enger grousser Auswiel vu Salz a Peffer garantéiert eng Fanger-leckend Experienz.


VEGETARESCHE Grillcours

Leit, déi wëllen eppes aneschtes probéiere si genau richteg an dësem Cours. Hei léieren se wéi ee gesondes, sief et als Beilag oder als komplette Menü kënnen um Grill zoubereeden.
Uebst a Geméis ginn um Grill immens Aromen of, a kënnen zu kompletten, leckeren a nahrhafte Menüe kombinéiert ginn, bei deenen um Enn jidderee saat gëtt.


KANNERGRILLCOURS

Kanner hëllefe gär, zumols an der Kichen. Wisou dann net och beim Grill? Dëse Cours ass speziell op Kanner zougeschnidden, a bënnt se an. Hei kréie si gewise wéi och si kënnen eppes grillen, fir hier Famill doheem mat hieren nei errongene Kachkënscht dono beandrocken.
Natierlech ass besonnesch bei dësem Cours d’Secherheet ganz grouss geschriwwen. Esou léieren d’Kanner ob wat se mussen doheem oppassen fir Akzidenter ze vermeiden.
Fir d’Secherheet ze garantéiere muss pro 4 Kanner eng erwuesse Begleedpersoun dobäi sinn.


WANTERGRILLCOURS

Grillen am Wanter mécht Spaass, wann ee weess wéi et geet. Genee dat Wësse bitt dëse Cours, sief et mat der richteger Auswiel vum Grill oder dem Menü dee soll drop zoubereed ginn.
Mat de richtegen Tipps an Tricks kann ee verhënneren dass de Grill ausgeet, an d’Iessen richteg grillt amplaz just wotlech ze ginn.