Eise Buttek um Wandhaff sicht eng Botzfee, déi motivéiert ass, fir 20 Stonnen d'Woch d'Geschäft a seng weider Lokaler propper ze haalen.
Zu den Aarbechten gehéiert ënner Anerem stëpsen, botzen, d'Wäsch maachen, strecken a Fënstere botzen.
Bass du motivéiert, a wëlls dësen Défis unhuelen?
Da mell dech bei eis!
Wat mir erwaarden
Dass du de Führerschäin an en eegenen Auto hues.
Motivatioun, Zouverlässegkeet, Pünktlechkeet an Vertrauenswierdegkeet.
Dass du op d'mannst eng vun dëse Sproochen beherrschs: Franséisch, Lëtzebuergesch, Däitsch oder Englesch.
All weider Sprooch ass een Atout.
Responsabilitéiten
Erhale vun der Propretéit vun eise Lokaler.
Aktivitéiten
Du gehéiers zur Equippe, an dierfs selbstverständlech un eisen Fun Events an Team-Buildings deelhuelen, déi mir puer mol am Joer organiséieren.
Virdeeler
Geregelt Schaffzäiten an een attraktivt Gehalt.
