Asia Grillcours

BESCHREIWUNG

Fans vun der asiatescher Kiche kommen an dësem Cours ganz op hier Käschten. Mir weise wéi een den typeschen exotesche Stil um Grill kann zauberen. Sief et fir e leckere Fingerfood, Fusion mam klassesche BBQ, oder eng knackeg Zalot, eise Wok a Plancha wäerte gléien.

Loosst Iech an déi lecker Welt vun Asien entféieren.

SCHWÉIERPUNKTER

– Richtegt Benotze vu moderne Kuel- a Gasgriller, Grille mat zouenem Deckel
– Verschidde Grillmethoden (z.b. Wok,  Plancha, direkt an indirekt Grillen)
– Tipps an Tricks ronderëm d’Grillen an d’Grillwuer (inkl speziell asiatesch Zutaten)
– Informatioune ronderëm déi asiatesch Kichen (a wéi een se op de Grill kritt)
– Praktesch Uwendung an individuell Participatioun erwënscht 

AM COURS ABEGRAFF SINN:

– Ronn 4 Stonne Cours (Limitéiert op 16 Persounen fir e Maximum u Qualitéit ze garantéieren)
– 4-Gang Menü fir matzeschaffen
– Rezeptmapp mat de Rezepter vum Cours fir doheem nozegrillen
– Iessen a Gedrénks (inkl. alkoholeschem Gedrénks)

Notiz: D’Course sinn ab enger Mindest-Unzuel vun 10 Participanten garantéiert.

Et gëllen eis aktuell Bestell- a Stornobedingungen!


Upcoming Events