BASIS Grillcours

BESCHREIWUNG

Am Basis Grillcours kréien d’Participanten d’Grondlage vum moderne Grille gewisen, um Kuelegrill wéi och um Gasgrill. Mer ginn op verschidde Grillmethoden an Techniken an, a bereeden zesummen de Menü um Grill zou, deen dono giess gëtt.

SCHWÉIERPUNKTER

– Richtegt Benotze vu moderne Kuel- a Gasgriller, Grille mat zouenem Deckel
– Verschidde Grillmethoden (z.b. direkt an indirekt Grillen)
– Déi richteg Temperaturen
– Tipps an Tricks ronderëm d’Grillen an d’Grillwuer
– Praktesch Uwendung an individuell Participatioun erwënscht 
– Organisatioun a Secherheet um Grill

AM COURS ABEGRAFF SINN:

– Ronn 4 Stonne Cours (Limitéiert op 16 Persounen fir e Maximum u Qualitéit ze garantéieren)
– 4-Gang Menü fir matzeschaffen
– Rezeptmapp mat de Rezepter vum Cours fir doheem nozegrillen
– Iessen a Gedrénks (inkl. alkoholeschem Gedrénks)

Notiz: D’Course sinn ab enger Mindest-Unzuel vun 10 Participanten garantéiert.

Et gëllen eis aktuell Bestell- a Stornobedingungen!


Upcoming Events