Baussekichen - Säi Gaart nei erliewen


Baussekichen, och bekannt als Outdoorkichen ginn ëmmer méi beléift. D’Liewe spillt sech ëmmer méi oft baussen of, an d’Leit sichen ëmmer méi no Méiglechkeeten fir hiere Grill mat enger Grillkichen ze erweideren.  

Esou kann een net nëmmen am Gaart grillen a virbereeden, mee och gläichzäiteg Zäit mat Famill a Frënn a gemittlecher Ambiance verbréngen.

Héchste Qualitéitsuspréch a Flexibilitéit


Feier a Flam bitt eng grouss Auswiel u Qualitéits Marken, déi speziell fir de Bausseberäich konzipéiert sinn, wiederfest a laanglieweg sinn, wéi och modular an individuell erweiderbar sou dass der Flexibilitéit a Kreativitéit keng Grenze gesat sinn.

Mir hunn d’Méiglechkeet Abaugrills an d’Kichen ze integréieren, sief et fir Gas- oder Kuelegriller, Keramikgriller, oder Planchas a Feierplacken. Och e Frigo oder e Waasseruschloss fir bausse kënnen integréiert ginn. 

 

Individualitéit

Niewent eise bekannte Premium Marke vu Grillkichen hu mir awer och d’Méiglechkeet mat Iech an eisem Partner fir de Bau eng personaliséiert Baussekichen zesummen ze zeechnen, entwéckelen an ze bauen. Esou entstinn Eenzelstécker ganz op Wonsch vun eise Clienten.

Wann och Dir Iech eng Baussekiche wëllt zouléen, da kontaktéiert eis gären op info@feier-a-flam.lu fir e RDV fir eng Berodung auszeman.

Eise Service

Well Grillen alles ass wat mir maachen, si mir Experten an eiser Domän

Mir komme bei Iech fir Är Pläng a Bedierfnesser ze diskutéieren

Mir bidde personaliséiert Léisunge fir all Client

Mir begleeden Iech vun der Planung bis zur Installatioun

Eis Baussekiche Marken




E puer Beispiller...

En Iwwerbléck iwwer eis Marken

Burnout Kitchen

  • Deluxe Qualitéit aus Däitschland

  • Komplett modulär konfiguréierbar

  • Verschidden Design Méiglechkeeten

  • Keng Suergen dass d'Wieder d'Kichemoduler ugräift

  • Online Konfigurator op https://burnout.kitchen

Napoleon Oasis

  • Premium Qualitéit vun Napoleon

  • Komplett modulär konfiguréierbar

  • Och verfügbar als agebaute Komponente fir gemauert Baussekichen

  • 10 Joer Garantie

Otto Wilde

  • Super däitsch Qualitéit, powered by Miele

  • Komplett modulär konfiguréierbar

  • Beinhalt innovativ & modulär (!) Smart Grills

  • Keng Suergen dass d'Wieder d'Kichemoduler ugräift

  • Online Konfigurator op https://www.ottowildegrillers.com/pages/konfigurator

Outdoor Passion

  • Edelstol Qualitéit aus der Belsch

  • Komplett modulär konfiguréierbar

  • Verschidden Design Méiglechkeeten

  • Keng Suergen dass d'Wieder d'Kichemoduler ugräift

Forge Adour

  • Outdoor Kichen a Spuenie gebaut

  • Ronderëm hir bekannte Planchas a Frankräich entworf

  • Komplett modulär konfiguréierbar

  • Verschidden Designméiglechkeeten, Edelstol oder beschichtete Stol a verschiddene Faarwen

Individuell Baussekichen

  • Fir jiddereen deen eng op d'Mooss gemaache Baussekichen wënscht, schaffe mir mat kreative Partner zesummen, déi alles Äre perséinleche Besoine bauen.

  • Mir plangen Är Kichen zesumme mat Iech, a schaffe mat de Bauspezialisten zesumme fir d'Pläng Realitéit ginn ze loossen.

  • Mir sinn Ären eenzege Uspriechpartner an hëllefen Iech Är perséinlech Dram Baussekichen ze realiséieren.