Sushi Meets bbq Grillcours
BESCHREIWUNG
Bereed Är Geschmacksknospen op eng onvergiesslech Aventure vir, wa mir d'Präzisioun vun der Sushi-Hierstellung mat der raucheger Faszinatioun vum Grille verbannen. An dësem eenzegaartege Cours weise mir d'Beherrschung vum Grill an déi delikat Konscht vun der Sushi-Zoubereedung, alles an enger leckerer Kombinatioun.

SCHWÉIERPUNKTER
– Kombinatioun vum Sushi mat Elementer aus der Grillwelt
– Verschidde Grillmethoden (z.b. Wok, Plancha, reecheren, direkt an indirekt Grillen)
– Tipps an Tricks ronderëm d’Grillen, de Sushi an d’Grillwuer (inkl speziell asiatesch Zutaten, Sushi-Räis, asw.)
– Informatioune ronderëm déi asiatesch Kichen (a wéi een se op de Grill kritt)
– Praktesch Uwendung an individuell Participatioun erwënscht
AM COURS ABEGRAFF SINN:
– Ronn 4 Stonne Cours (Limitéiert op 16 Persounen fir e Maximum u Qualitéit ze garantéieren)
– Menü mat Chirashi, Tataki, a verschiddene Maki fir matzeschaffen
– Rezeptmapp mat de Rezepter vum Cours fir doheem nozegrillen
– Iessen a Gedrénks (inkl. alkoholeschem Gedrénks)
Notiz: D’Course sinn ab enger Mindest-Unzuel vun 10 Participanten garantéiert.
Et gëllen eis aktuell Bestell- a Stornobedingungen!