Wantergrillcours

BESCHREIWUNG

Grillen am Wanter mécht Spaass, wann ee weess wéi et geet. Genee dat Wësse bitt dëse Cours, sief et mat der richteger Auswiel vum Grill oder dem Menü dee soll drop zoubereed ginn.
Mat de richtegen Tipps an Tricks kann ee verhënneren dass de Grill ausgeet, an d’Iessen richteg grillt amplaz just wotlech ze ginn.

SCHWÉIERPUNKTER

– Erklärungen op wat ee soll am Wanter oppassen, dass dem Spaass um Grillen am Wanter näischt am Wee steet
– Tipps an Tricks ronderem d’Grillen an der Keelt
– Déi richteg Auswiel vu Menü fir de Wanter
– Organisatioun a Secherheet um Grill

AM COURS ABEGRAFF SINN:

– Ronn 4 Stonne Cours (Limitéiert op 16 Persounen fir e Maximum u Qualitéit ze garantéieren)
– 4-Gang Menü fir matzeschaffen
– Dossier mat de Rezepter vum Cours fir doheem nozegrillen
– Iessen a Gedrénks (inkl. alkoholeschem Gedrénks)

Notiz: D’Course sinn ab enger Mindest-Unzuel vun 10 Participanten garantéiert.

Et gëllen eis aktuell Bestell- a Stornobedingungen!