Newsletter

Events

Events Kalenner

<< Jun 2020 >>
MTWTFSS
1 2 3 4 5 6 7
8 9 10 11 12 13 14
15 16 17 18 19 20 21
22 23 24 25 26 27 28
29 30 1 2 3 4 5

Instagram posts

Verfolleg eis: Newsletter

Language / Sprooch: 

Cart 0
  • No products in the cart.

Säite-Menu

Top

Vältesdag Menü vum Grill

 /   / Vältesdag Menü vum Grill
4 Feb

Vältesdag Menü vum Grill

Gläich ass nees de 14. Februar, also Vältesdag, den Dag vun der Léift. A wéi esou oft freet ee sech warscheinlech wat ee soll mat sengem Partner fir dee speziellen Dag ënnerhuelen.

Ma wisou dann net säi Partner emol mat engem romanteschen Dinner doheem iwwerraschen?

Schliisslech geet d’Léift jo bekanntlech duerch de Mo 🙂

Hei ass eng Propos fir e Menü vum Grill mat deem dir äre Partner vum Grill kënnt verféieren. De Menü setzt op aphrodiséiernd Liewensmëttel, ass liicht, a verzicht selbstverständlech op eventuell Abtörner wéi Knuewelek. Doriwwer eraus kann e gudden Deel vum Menü am viraus virbereet ginn, sou dass een de Partner net onnéideg laang muss dotëscht eleng um Dësch sëtze loossen.

D’Iwwersiicht vum Menü gesäit folgendermoossen aus:

Apéro

Äerdbier Gin-Tonic

Entrée

Coquilles St. Jacques mat Bacon-Spargel an Orange-Botter

Haaptplat

Mediterrane Pouletsfilet mat Zitroune-marinéierter Courgette a klenge Gromperen

Dessert

Schoko-Banane Gondelen


Wann der elo Loscht hutt dëse Menü fir Vältesdag doheem nozegrillen, da liest einfach hei drënner weider wéi een e ka maachen.


Vältesdag Menü

Prep Time30 mins
Cook Time1 hr 30 mins
Total Time2 hrs
Servings: 2 Portiounen

Ingredients

Fir den Aperitif

  • 100 ml Gin z.B. de lëtzebuergeschen “Opyos Sloe Gin” (Alternativ BUSS No 509)
  • 300 ml Tonic water z.B. East Imperial Grapefruit
  • 4 Kären Äerdbier
  • 2 Blieder Basilikum
  • 6 Äiswierfel

Fir d’Entrée

  • 6 Coquilles St. Jacques
  • 6 Spargelen
  • 6 Tranche Speck / Bacon
  • 3 EL Olivenueleg
  • 1/2 Orangejus
  • 2 EL Botter
  • 1 kleng Schallott
  • 25 ml Noilly Prat
  • 1 Prise Salz
  • 1 Prise Orangepeffer
  • 1 Prise Peffer

Fir den Haaptplat

  • 2 Pouletsfileten z.B. Poulet des landes
  • 50 gr an Ueleg agelueten Tomaten
  • 6 EL Exquisa
  • 2 Branche Rosmarin
  • 10 Blieder Basilikum
  • 1 Courgette
  • 100 ml Olivenueleg
  • 1/2 Zitrounejus
  • 1 EL Thymian
  • 250 gr festkachend kleng Gromperen
  • 1 Prise Peffer z.B. fuerwegen
  • 1 Prise Salz

Fir den Dessert

  • 2 Bananen
  • 1 Repp Vollmilch-Schokela z.B. Cote d'Or
  • 50 gr roude Friichte-Mix
  • 2 Zahnstocher

Instructions

Aperitif

  • Den Gin an d'Glas schëdden, e puer Äerdbier-Scheiwen dobäi ginn an e puer Minutten zéie loossen.
  • Dono Äiswierfel an d'Glas maan, den Tonic dobäi schëdden, 1 Blat Basilikum drop leeën, an eng ageschnidden Äerdbier un de Rand vum Glas hänken.

Entrée

  • Den ënneschte Véierel vun de Spargelen ofschneiden, an d'Spargele schiele wann néideg.
  • Eng kleng Schallott a Botter ubroden, de gerapptenen Ingwer dobäi ginn, a mam Noilly Prat ofläschen, bis e verkacht ass. Dann den Orangejus dobäi ginn, pefferen a salzen, a kuerz opkachen. Dono d'Zooss duerch e Sift drécken, an zréck an d'Dëppe ginn. Dann de kale Botter dobäi ginn, a mat engem Schnéibiesem duerchschloen bis se cremeg ass. Da kann d'Zooss op d'Säit gestallt ginn. 
  • D'Spargele mat Olivenueleg apinselen, salzen, pefferen, eng Pris Zocker driwwer streeën
  • D'Coquille St. Jacques kräizweis op all Säit 2-3mm déif aritzen a mat Olivenueleg bepinselen.
  • D'Spargelen fir 10-15 Minutte grillen, bis de Bacon knuspereg ass. 
  • Wann d'Spargele 5-10 Minutten um Grill sinn, kommen d'Coquillen dobäi, op déi direkt Hëtzt, a gi fir 3-4 Minutte pro Säit gegrillt.- D'Orangebotter kuerz opwiermen.
  • D'Spargelen op den Teller leeën, d'Coquillen drop drapéieren, an Orangebotter driwwer ginn. D'Coquillen da mat Orangepeffer wierzen a mat Chilifiedem dekoréieren.

Haaptplat

  • D'Courgette wäschen an an der Längt duerch schneiden. Dono d'Courgette mat engem Allesschneider oder Messer der Längt a ronn 4mm déck Scheiwe schneiden.
  • De Jus vun der Zitroun mat Olivenueleg, Thymian, Salz a Peffer vermëschen. 
  • Courgette mat der Marinad bepinselen an an eng Schossel leeën. De Rescht Marinad driwwer ginn, a mindestens 2 Stonne kal stellen.
  • D'Grompere wäschen, an der Halltschent duerchschneiden, an a kachendem Salzwaasser 10-15min virkachen. Dono direkt a kalem Waasser ofkillen.
  • De Poulet wäschen a verbotzen, dann an 2cm Ofstänn aschneiden, mee net ganz duerch schneiden.
  • 1/2 TL Exquisa an all Aschnatt man, an 1/3 vun enger ageluetener Tomat an e Blat Basilikum awéckelen, an an all Aschnatt vum Poulet drécken. 
  • De Poulet mat Salz, Peffer, wierzen, a Kéis driwwer streeën.
  • D'Grompere mat Olivenueleg benätzen a mat Peffer a Salz wierzen (z.B. Klaus Grill(t) Pfeffer). Eng Branche frësche Rosmarin drop leeën.
  • De Poulet an d'Gromperen op enger indirekter Säit vum Grill, am beschten op enger Geméispan, bei ronn 180 Grad fir ronn 30 Minutte grillen. 
  • Wärent de läschten 10 Minutten d'Courgette op déi direkt Säit opleeën, a vu béide Säite grille bis se mëll ass. Oppassen op Flaamebildung vum Olivenueleg!
  • Alles op den Teller drapéieren, a genéissen.

Dessert

  • Vun de Bananen op der Récksäit e Stéck ofschneiden dass se kënne flaach opleien. D'Schuel awer net duerchschneiden.
  • Op der bannenzeger Säit eng längelzeg 2cm breet Sträif Schuel erausschneiden, awer zum Still hin dru loossen. D'Schuel oprullen a mat engem Zahnstocher fixéieren. 
  • Der Längs do eng Kerb an d'Banane schneiden.
  • Eng Rëpp Schockela an der Längt duerchschneiden an an d'Kerb vun der Banane leeën. Wie wëll kann och eng ganz Rëpp pro Banane huelen.
  • D'Banane fir ronn 15 Minutte bei 180° op de Grill stellen, bis se mëll sinn, mee nach fest genuch dass se hier Form nach kënnen halen.
  • Nom Grillen d'Bananen op en Teller stellen, a mat roude Friichte beleeën.

Notes

Folgend Schrëtt kënnen am Viraus virbereet ginn:
– Den ënneschte Véierel vun de Spargelen ofschneiden, an d’Spargele schiele wann néideg.
– Eng kleng Schallott ubroden, de gerapptenen Ingwer dobäi ginn, a mam Noilly Prat ofläschen, bis e verkacht ass. Dann den Orangejus dobäi ginn, pefferen a salzen, a kuerz opkachen. Dono d’Zooss duerch e Sift drécken, an zréck an d’Dëppe ginn. Dann de kale Botter dobäi ginn, a mat engem Schnéibiesem duerchschloen bis se cremeg ass. Da kann d’Zooss op d’Säit gestallt ginn. 
– D’Courgette wäschen an an der Längt duerch schneiden. Dono d’Courgette mat engem Allesschneider oder Messer der Längt a ronn 4mm déck Scheiwe schneiden.
– De Jus vun der Zitroun mat Olivenueleg, Thymian, Salz a Peffer vermëschen. 
– Courgette mat der Marinad bepinselen an an eng Schossel leen. De Rescht Marinad driwwer ginn, a mindestens 2 Stonne kal stellen.
– D’Grompere wäschen, an der Halltschent duerchschneiden, an a kachendem Salzwaasser 10-15min virkachen. Dono direkt a kalem Waasser ofkillen.
– Den ënneschte Véierel vun de Spargelen ofschneiden, an d’Spargele schiele wann néideg. 
– D’Telleren dekoréiere wa gewënscht.
– De Poulet wäschen a verbotzen, dann an 2cm Ofstänn aschneiden, mee net ganz duerch schneiden.
– 1/2 TL Exquisa an all Aschnatt man, an 1/3 vun enger ageluetener Tomat an e Blat Basilikum awéckelen, an an all Aschnatt vum Poulet drécken. 
– De Poulet mat Salz, Peffer, wierzen, Kéis driwwer streeën, a kal stellen.
Share
No Comments

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.