Hei fannt dir déi aktuell Bestell- a Stornéierungsbedingungen fir Coursen, Steaktastings, Workshops an all aner Events vu Feier a Flam:

Feier a Flam hëlt nëmmen Umellunge fir Coursen a Steaktastings un, déi iwwer de Website https://www.feier-a-flam.lu gemat goufen.

No der Buchung gëtt eng automatesch Mail verschéckt, déi dem Client d’Bestellung bestätegt. 

Feier a Flam akzeptéiert op der Homepage d’Bezuelen iwwer PayPal, Kreditkaart (Mastercard, Visa) an iwwer Direktiwwerweisung. Am Fall vun der Direktiwwerweisung gëtt d’Bestellung eréischt validéiert wann de Montant vun der Commande um Konto vu Feier a Flam ukomm ass. Eréischt ab deem Moment ass d’Reservatioun bestätegt.

D’Reservatioun vun engem Grillcours, Steaktasting oder irgend enger anerer Veranstaltung ka bis maximal 2 Woche virum Event stornéiert ginn. No dëser Frist ka Feier a Flam d’Reservatioun leider net méi stornéieren.

Embuchunge vu Reservatiounen op en aneren Dag kënne wéi d’Stornéierungen just bis 14 Deeg virum reservéierten Event akzeptéiert ginn, a sinn ofhängeg vun der Platz an aneren Events.

De Client huet och d’Méiglechkeet séng Participatioun un eng aner Persoun weider ze ginn.

D’Feier a Flam Coursen an aner Events kënnen nëmmen duerchgefouert ginn, wann d’Mindestzuel vu Participanten fir dat jeweilegt Event erreecht ass. D’Mindestunzuel ass bei all Event an der Beschreiwung uginn. 

Am Fall wou Feier a Flam muss en Event ofsoen, well d’Mindestunzuel vu Participanten net erreecht ass, geschitt dëst 1 Woch am viraus.

Sollt en Event mussen ofgesot ginn, bitt Feier a Flam generell Alternativedatumer un. Wa keen Alternativdatum passt, huet de Client d’Méiglechkeet e Bong ausgestallt ze kréien, deen um Site vu Feier a Flam kann ageléist ginn. Alternativ kann de Client och rembourséiert ginn, wa Feier a Flam d’Event am Virfeld stornéiert.

Et ass méiglech dass Feier a Flam Fotoen vum Event mécht, fir se op der Homepage oder a soziale Medien ze posten. E Participant vun engem Event, deen dëst net wënscht kann de Responsabele vum Event dëst am Ufank vum Event matdeelen.