Neit Flagscheff vun Ooni
Ooni, ee vun de weltwäite Leader an de Pizzaiewen hunn hieren neiste Modell ugekënnegt - den neien Ooni Volt 12 Elektro Modell. Dësen neien Ooni ass déi perfekt Ergänzung fir all Haushalt , an ass sécher en Hit fir Pizzaliebhaber op der ganzer Welt.
De neien Ooni ass een elektreschen Pizzauewen, deen souwuel fir bannen, wéi och fir de Bausseberäich geduecht ass. Bannent 20 Minutten huet en seng Gebrauchstemperatur vun 450°C erreecht a kann direkt benotzt ginn.
90 Sekonnen fir eng lecker, knuspreg, selwergemaachten Pizza. Gëtt et eppes besseres?
Wat huet deen, waat anerer net hun?
Lauter nei Funktiounen!
Dës sinn enner aanerem, en agebauten Thermometer, deen Iech erlaabt d'Temperatur vun Ärem Iessen einfach ze iwwerwaachen. Reegler, mat deenen ee kann d'Hetzt vun uewen, sou wéi och vun ënne steieren an eng Boost Funktioun. Déi ass dofir do, fir d'Temperatur vum Steen schnellstméiglech erëm op en Héichpunkt ze bréngen, falls e géif duerch d'Opmaachen vun der Diir wärend dem Wiessel vun 2 Pizza'en ofkillen. Dozou kënnt nach eng integréiert Luucht an eng Glasdier, sou dass een zu all Zäit ka kucken wéi wäit d'Pizza ass.
Dozou kennt och nach en agebaute Lüfter, deen hëlleft d'Hëtzt gläichméisseg duerch den Uewen ze verdeelen, wéi och en Timer dee soll hëllefen dass näischt verbrenne kann.
Haapt Spezifikatiounen
- 13" Surface fir ze kachen
- 450°C an 20 Minutten erreecht
- Är Pizza prett an 90 Sekonnen
- Agebaute Grëffer a liicht Bauweis fir den einfachen Transport
- Agebauten Timer
- Agebaute Luucht
- Boost Funktioun
- Standard Temperatur Setting
Wéi dir gesitt, ass dësen neie Model emol eppes ganz neies, a mir kënne mat Sécherheet behaapten, dass et op alle Fall derwäert ass fir en ze probéieren.

Präis an Disponibilitéit
Zu der Disponibilitéit a Liwwerzäit huet Ooni an hierer Virstellung nach näischt bekannt ginn. Soubal mir méi wëssen wäerte mir dëst natierlech hei à jour setzen.
De Präis läit laut hierem Site aktuell bei 899€.
Fazit
Insgesamt ass den neien Ooni Volt 12 sécher en Hit bei Pizzaliebhaber. Mat sénger praktescher Gréisst, haltbarer Konstruktioun a userfrëndleche Funktiounen ass et déi perfekt Ergänzung zu all Haushalt. Also, wann Dir de perfekten Elektro Pizzauewe sicht, da kuckt iech e gären op eisem Site méi genau un.
Link op den Ooni Volt 12 an eisem Onlineshop: Link
Link zur Ooni Säit mat der Präsentatioun fir den neien Ooni Volt 12: Link