Opbau a Liwwerung
Fir all Grill oder Pizza Uewen deen dir bei eis bestellt, bidde mir fir e klengen Oppräis den Opbau an d'Liwwerung mat un. Esou sitt dir sécher dass alles opgebaut ass wéi et soll, an dir kritt ären neie Bijou bequem heem geliwwert.
Eisen Opbau- a Liwwerservice gëtt et natierlech och fir d'Baussekichen.
Frot einfach bei der Bestellung vun ärem neie Grill oder Pizza Uewen dono, a mir plangen iech e gäre mat an.
Maintenance a botzen
Mir këmmeren eis em d'Maintenance vun ärem Grill. Ob dat elo e Brenner ze ersetzen ass, oder de Gasschlauch dee jo all 3 Joer soll ersat ginn, mir këmmeren eis drëm. Esou sidd dir ëmmer op der sécherer Säit.
Dir wëllt eis d'Fréijoersbotz vun ärem Grill iwwerloossen? Kee Problem!
Mir komme bei iech laanscht, a botzen iech de Grill professionell. Mam richtegen Equipement an Knowhow këmmere mir eis gären em äert bescht Stéck.
Wa mir eis em äre Grill këmmer sollen, sief et fir eng Maintenance oder wa mir iech e solle botze kommen, da schreift eis e klénge Mail op info@feier-a-flam.lu fir e personaliséierten Devis ze kréien.
Paanen nei beschichten
Dir hutt eng Paan, déi esou lues hier Beschichtung verléiert? Eise Partner ITN beschicht net nëmmen eis Feier a Flam Lyonerpaanen, mee och all Zort vu Paan mat Beschichtung nei. Mir sammelen déi Paane bei eis an, a schécken se fir iech bei ITN.
Fir méi Informatiounen zum Thema, kuckt iech gären de Site vun ITN un, oder frot bei eis am Shop no.