Virstellung: Fuego
De spuenesche Grillaroma
5 Mäerz, 2023 by
Virstellung: Fuego
Anna Schreiber


Mir vu Feier a Flam sinn houfreg, Iech eis nei Produit'en vun der Marque Fuego vu Smokey Olive Wood dierfe virzestellen. Dorënner fale Reecherspéin, Reecherchips an Holzstécker, déi d'Grillen mat hiren eenzegaartegen Aromaen nach méi aussergewéinlech maachen.

Fuego oder Smokey Olive Wood?

D'Mark Smokey Olive Wood bleiwt als Haaptmark bestoen, verkeeft awer hier nei Produit'en haaptsächlech an Däitschland ënnert dem Numm Fuego.

Fuego Orange Wood Chunks

Wat genau ass Fuego?

Fuego ass en Hiersteller vun Produit'en aus verschiddenen Holzarten fir de Grill- a Kachberäich. Si bidden eng breet Palette u Produit'en un, dorënner Holzchips, Reecherspéin an nach vill aneres.

D'Holz gëtt aus ekologesch nohaltege Quellen a Spuenie gewonnen an ënnerläit strenge Qualitéitskontrollen. Et huet een héije Brennwäert a bréngt den Plat'en en eenzegaartege gereecherten Aroma.

Si leeë grousse Wäert op Nohaltegkeet a schaffen enk mat lokale Baueren an Hiersteller zesumme fir sécher ze stellen, dass d'Olivenholz op nohalteg Manéier produzéiert gëtt. 

Fuego ass bei Grill- a Kachenthusiasten op der ganzer Welt beléift a gëtt vu Spëtzekäch recommandéiert. 

Si benotzen d'Wuerzelen vun Olivebeem, déi Opgrond vun hierer Gréisst net méi vun der Pléckmaschinn kenne recoltéiert gin, fir Holzproduit'en hierzestellen. Eigentlech goufen d'Wuerzelen virdrun als Brennholz verwend. Fuego schafft mat verschidden Olivebaueren zesummen a stellt sécher, dass all Joer genuch Rohstoffer zréck bruecht ginn, fir d'Produktioun um Laafen ze halen. Den Holzdréchnungsuewe gëtt mat Solarzelle bedriwwen, wat e méi nohalteg mécht, wéi all aner normal Dréchnungsiewen. Well Fuego d'Wuerzele vum Olivenholz verwend, muss d'Bamschuel net ewechgeholl gin, waat zu manner Offall féiert. Déi komplett Olivewuerzel gett benotzt an et ginn doraus verschidde Spéin hiergestallt, déi als Reechermiel oder Reecherspéin gebraucht kënne gin.

Holzarten

Smokey Olivewood resp. Fuego verwenden Wuerzelholz vun Olivebeem, déi an den Plantatiounen ofgeholzt gin, fir Reecherproduit'en, wéi Chunks, Chips a Reechermiel hierzestellen. Och aaner Holzarten wéi Steeneech, Mandelbam an Zitrusbeem gi benotzt. Steeneechenholz gëtt traditionell fir ze reecheren vu Wëld, Rand a Schwéngefleesch verwend. Mandelbamholz huet eng méi laang Brenndauer an eegent sech gutt fir d'reechere vu Rëndfleesch, Wëld a Fësch. Zitrusbamholz gëtt normalerweis zerstéiert, mee duerch d'aweechen am Waasser oder an hellem Béier kann et fir ze reecheren vu Fësch, Schwäin a Poulet fir en fruchtege Geschmach benotzt gin. Fuego verwend just dat Holz wat speziell fir d'Produktioun ofgeholzt gëtt, a garantéiert esou eng ekologesch Notzung vum Offallholz.

Fuego Smoking Dust Olive

Nohaltegkeet

Fuego setzt sech fir Nohaltegkeet an a bitt nëmmen emweltfrendlech Produit'en un. Hiert Reecherholz gëtt ausnamslos duerch Solarenergie gedréchent a produzéiert, wat am Verglach zu den handelsübleche Methoden mat Gas oder Stroum vill méi nohalteg ass. Déi kuerz Transportweeër a recycléierbar Verpackungen droen och nach zur Nohaltegkeet bäi.

D'Produit'en vu Fuego

All hier Produit'e ginn aus 100%egem Oliven,- Zitrounen,- Mandel,- a Steeneechenholz aus nohaltegem Ubau ouni Chemikalien an Zousazstoffer hiergestallt.

Déi Produit'e gi suergfälteg hiergestallt a getest, fir sécherzestellen, dass se vun héchster Qualitéit sinn a fir den Erwaardungen vun de Client'en ze entspriechen.

  • Grillbriquetten: Si bidden eng laang Brenndauer a sinn soumat ideal fir Fleesch, Fësch a Geméis ze grillen.
  • Grillspießer: Se sinn a verschiddenen Gréissten erhältlech a sinn nach eng Kéier verwendbar.
  • Reecherchips a Reecherstëpps: Dës eegne sech wonnerbar fir d'Reecheren vu Fleesch a Fësch an bréngen de Liewensmëttel een onvergiesslech leckere Goût.
  • Schneidbrieder: Si sinn ideal fir d'Schneiden vu Fleesch, Geméis an all anere Liewensmëttel. Se si laanglieweg a kënnen ëmmer erem benotzt ginn.
  • Grillschuelen: Si sinn hëtztbestänneg a kënnen direkt um Grill benotzt ginn.
Fuego Olive Wood Plank

Fazit

Smokey Olive Wood (resp. Fuego) ass bei Grill- a Kachenthusiasten op der ganzer Welt beléift a gëtt vu Spëtzekäch recommandéiert. Wann dir also Loscht hutt op ee Geschmaachserliefnis mat leckerem gereecherten a méi ongewéinlechem Goût, da kommt bei Feier a Flam laanscht a kuckt Iech un, wat mir aus hierem Sortiment ubidden. 

Et ass mat Sécherheet fir all Liblingsrezept eppes dobei!

Kuckt och emol hei an eisem Onlineshop wat si alles ubidden.

Virstellung: Fuego
Anna Schreiber 5 Mäerz, 2023
Share this post
Archive