Virstellung: Traeger
Perfekt smoken am USA-Flair
24 Mäerz, 2023 by
Virstellung: Traeger
Anna Schreiber


Mir vu Feier a Flam sinn houfreg Iech eis Marque Traeger virzestellen. Traeger bitt alles ronderëm d'Reechere mat Pellets un. Hier Pelletsmoker si speziell entwéckelt, fir d'Reechere vu Fleesch, Fësch an anere Liewensmëttel.

D'Geschicht vun Traeger

D'Geschicht vun Traeger huet an den 80er Joren ugefaangen, wéi den Joe Traeger, ee begeeschterte Grillmeeschter, e Pelletgrill entwéckelt huet. E war vun der Idee faszinéiert, e Gerät z'erschafen, mat deem ee kann séngem Grillfleesch ee besonnesche Goût vun Holzpellets verpassen. 

Esou huet de Joe Traeger doru geschafft säi Konzept ze vervollstännegen a séng Griller ze verbesseren. Am Joer 1986 krut säi Pelletgrill e Patent an hien huet ugefaange séng Entreprise zu Oregon an Amerika opzebauen.

An de 90er Joren goufe séng Pelletgriller ëmmer méi beléift a séng Entreprise ass rapid gewuess. 2006 gouf Traeger Grills vun Investoren iwwerholl, déi d'Firma weider ausgebaut, a nei Modeller op de Maart bruecht hunn.

Haut ass Traeger Grills e féierenden Hiersteller vu Pelletgrills a bitt eng breet Palette u Modeller un, déi fir verschidden Aarte vu grillen a reecheren gëeegent sinn.

Natierlech huet Traeger Grills och eng trei Fangemeinschaft u Grill-Enthusiasten an ass a ganz Amerika an Europa bekannt fir séng qualitativ héichwäerteg Produit'en.


Traeger Pro Series 780Traeger Pro Series 780

Wéi eng Produit'en gëtt et vun Traeger?

Nieft Pelletgrills a verschiddene Gréisste bitt Traeger och nach eng breet Palette un aneren Produit'en un, wéi zum Beispill Grillaccessoiren, Zosen a Rubs, Pellets mat diversen Aromaen, wéi och ganz vill gratis Rezepter, fir op ärem Traeger-Grill een aussergewéinleche Menü ze kreéieren.

 Traeger Liquid Gold SauceTraeger Liquid Gold Sauce

Zoosen a Rubs

Traeger bitt eng grouss Palette un héichwäertegen Zosen a Rubs un, déi speziell fir d'Grillen an d'Reecheren vu Fleesch, Fësch an anere leckeren Menüer virgesi sinn. D'Rubs si Gewierzmëschungen, déi op d'Fleesch opgedroe ginn, fir em en zousätzleche, leckere Goût ze ginn. D'Zosen kënnen benotzt gi fir d'Fleesch ze marinéieren, oder awer och als Dip.

Barbecue-Zooss, Teriyaki, Steakgewierz, Rib-Rub a nach villes méi sinn déi perfekt Ergänzung zu de Pelletgrills an den Accessoiren vun Traeger.

Traeger Texas Spicy SauceTraeger Texas Spicy Sauce

Pellets

D'Pellets vun Traeger gëtt et an enger Villzuel vu Geschmaachsrichtungen, dorënner Apel, Hickory, Kiischt, Mesquite, a villes méi. All Geschmaachsrichtung verpasst de Liewensmëttel um Grill en eenzegaartege gereecherten Goût an déi ideal Textur. D'Pellets vun Traeger gëtt et souguer a verschiddene Gréissten a Verpackungen an erfëlle selbstverständlech déi héchsten Qualitéitsstandards.

Traeger Apple PelletsTraeger Apple Pellets

Traeger Griller

Traeger bitt eng Villzuel vu Griller un, déi fir verschidde Bedierfnisser gëeegnet sinn.

  • Pro-Series: D'Pro Series vun Traeger sinn ideal fir Grillfans, déi en zouverlässegen a robuste Grill sichen. Dës si mat enger fortschrëttlecher WiFIRE-Technologie ausgestatt, déi et Iech erméiglecht, de Grill vun Ärem Smartphone aus ze steieren. Ausserdeem verfüge se iwwert eng Turbo-Temp-Funktioun, déi eng schnell Ophëtzzäit a präzis Temperaturastellungen erméiglecht.
  • Ironwood Series: D'Ironwood Series vun Traeger sinn ideal fir Grillmeeschter a Gourmet-Käch. Des Griller verfügen iwwer eng D2 Direct-Drive-Technologie, déi eng besser Temperatursteierung an eng méi héich Effizienz bidden. Ausserdeem si se mat engem Super Smoke-Modus ausgestatt, deen en intensive Reechergoût hierstellt.
  • Timberline Series: D'Timberline Series ass eng fortschrëttlech Linn vu Pelletgrills vun Traeger. Si si mat engem Duebelwand-Edelstrohlgehais ausgekleet, wat eng wonnerbar Hetztspäicherung an déi maximal Isoléierung bitt. Doriwwer eraus verfügen se iwwert eng dräistufeg Reecherfunktioun, mat däer et Iech méiglech ass, de Reechergoût vun Äre Liewensmëttel unzepassen.
  • Ranger Series: D'Ranger Series sinn ideal fir Mënschen, déi ee portabele Grill sichen, fir e mat op Campingausflich oder PicNics ze huelen. Dës Griller si kompakt a liicht, an awer nach robust genuch, fir eng virbildlech Leeschtung ze bréngen. Si verfügen och iwwert eng WiFi-Steierung an eng integréiert "Faltbein"-Konstruktioun, fir den einfachen Transport.   

Egal fir wéi ee Grill dir Iech entscheet, dir kennt sécher sinn, dass dir een héichwäertegen Produit kritt, deen Iech en eenzegaartegt Grillerliefnis bitt.

Traeger RangerTraeger Ranger

Accessoiren

Traeger bitt eng Villzuel un Accessoiren un, mat deenen Dir dat Bescht aus Ärem Pelletgrill kënnt eraushuelen.

  • Houssen: Eng Housse ass e Muss, fir Äre Grill virun Onwieder ze schützen. Bei Traeger gëtt et fir all eenzelen Model séng eegen Housse.
  • Grillrost: Traeger huet eng grouss Auswiel u Grillrosten, déi speziell fir déi verschidde Modeller entwéckelt goufen. Et ass méiglech tëscht Edelstol oder Goss ze wielen, jee nodeem wéi ee Geschmaach Dir wëllt erreechen.
  • Grillaccessoiren: Traeger bitt eng grouss Auswiel un Grillaccessoiren, déi speziell fir d'Benotze vun Pelletgriller entwéckelt goufen. Et huet een d'Wiel tescht Zaangen, Spachtelen, Grillbiischten an Hoken.
  • Rotisserie-Kit: Mat engem Rotisserie-Kit kënnt Dir ee ganze Poulet oder e Brot perfekt zoubereeden. Traeger bitt Rotisserie-Kits un, déi speziell fir all Grillmodell entwéckelt goufen.
  • Grillpaanen: Paanen fir ze Broden, Woks a souguer Pizzapaanen gëtt et vun Traeger.
  • Thermometer: Ee genauen Thermometer ass onerlässlech, fir sécher ze stellen, dass d'Fleesch déi richteg Temperatur huet. Traeger huet eng Auswiel un Thermometeren, vun einfachen Instant-Read-Thermometeren, bis hin zu Bluetooth-Thermometeren ouni Kabel ass fir alles gesuergt.

        A nach vill vill méi...

Mat deene richtegen Accessoiren vun Traeger, kënnt Dir dat Bescht aus Ärem Pelletgrill eraushuelen an lecker Menü'e kreéieren.

Fazit

En Traeger Grill bitt en eenzegaartegen Reechergeschmaach, Villsäitegkeet, einfachen Handling, Qualitéit an eng breet Palette un Accessoiren, déi d'Grillen zu enger onvergiesslecher Erfarung maachen. Eng groussaarteg Wiel fir all Grillfan.

Kommt och dir bei Feier a Flam um Wandhaff laanscht, a kuckt Iech un, wat mir vun Traeger am Sortiment hunn!

Oder luusst ënnert dësem  Link an eisem Onlineshop eran.

Virstellung: Traeger
Anna Schreiber 24 Mäerz, 2023
Share this post
Archive