Virstellung: Stay Spiced
Héich Qualitéit an der Gewierzwelt
12 Mäerz, 2023 by
Virstellung: Stay Spiced
Tom EWERLING




 

Bei Feier a Flam si mir ëmmer erëm op der Sich no neie Produit'en, déi eis Client'en begeeschteren. Dozou gehéiere natierlech och allerlee Zorten vu Liewensmëttel, wéi hei zum Beispill Gewierzer.

Dofir freeë mir eis, iech Stay Spiced virstellen ze kënnen. Stay Spiced ass eng nei Gewierzmark, mat Sëtz an Éisträich, déi äert Grillerliefnis wäert revolutionéieren.

 Stay Spiced Scampi & GambasStay Spiced Scampi & Gambas

Iwwer Stay Spiced

Stay Spiced ass eng Entreprise, déi 2019 vun 2 Frënn an Däitschland gegrënnt gouf. D'Iddi ass aus enger gemeinsamer Leidenschaft fir Gewierzer an d'Noutwendegkeet, qualitativ héichwäerteg a nohalteg Gewierzer um Maart unzebidden entstanen.

Déi 2 Grënner hunn hier Rees ugefaangen, andeems si Gewierzer vu verschiddene Liwweranten aus der ganzer Welt suergfälteg auserwielt a getest hunn. Si leeë grousse Wäert op d'Hierkonft vun de Gewierzer a schaffen enk mat hiere Liwweranten zesummen fir sécherzestellen, dass hier Produit'en fair gehandelt a nohalteg produzéiert ginn.

Stay Spiced bitt eng breet Palette vu Gewierzer un, dorënner klassesch Gewierzmëschunge wéi Curry oder Garam Masala, souwéi och rar Gewierzer wéi schwaarze Knuewelek oder Timut-Peffer. All Gewierzer ginn a remverwendbaren Behälteren oder biologesch ofbaubaren Tuten geliwwert, fir d'Ëmweltbelaaschtung ze miniméieren.

D'Entreprise huet sech schnell ee Numm gemaat an ass haut eng beléift Wiel fir Gewierzer bei ville Client'en aus Däitschland an iwwer seng Grenzen eraus. Stay Spiced huet sech och als Virreider an der Nohaltegkeetsbewegung etabléiert a setzt sech aktiv fir de Schutz vun der Ëmwelt an.

Stay Spiced steet fir Qualitéit, Nohaltegkeet, Natierlechkeet an eng extra Portioun Perfektionismus an all eenzel Gewierzdous mat där si op d'Bedierfnisser vun hire Client'en aginn.

Spezialiséiert op d'Zesummesetzen vun héichwäertegsten Ingredient'en bidde si en eenzegaartegt Geschmaachserliefnis.

Stay Spiced Caprese, Aglio Olio, Chili Salz, Fisch, Mediterran, SteakStay Spiced

D'Gewierzer

Stay Spiced bidden eng breet Palette vu Gewierzmëschungen an Top Qualitéit un, déi fir all Zorte vu Plat'en gëeegent sinn. Sou zum Beispill indesch, mediterran, asiatesch a mexikanesch Kichen awer och fir ze Baken a lecker Cocktaile ze kreéieren. Doriwwer eraus bidde si och individuell Gewierzer un, déi op Bedarf vun hirer Clientèle gemaach ginn.

Natierlechkeet steet fir Stay Spiced ganz uewen op der Lescht. All hier Gewierzer a Gewierzmeschungen ginn ouni Faarfstoffer an Geschmaachsverstäerker wéi z.B. Glutamat hiergestallt.

Hier Gewierzmëschunge sinn einfach ze benotzen an bréngen all Plat en onverwiesselbare Geschmaach. Mir sinn iwwerzeegt, dass hier Produit'en dobäi hëllefe wäerten, d'Kachen an d'Grillen zu enger onvergiesslecher Erfarung ze maachen.

Mat Stay Spiced kënnt dir eng Weltrees vun doheem aus genéissen. Vun hiren Gewierzer a Gewierzmëschungen ass fir all Goût a fir all Liiblingsplat dat passend dobäi.


 Stay Spiced Bourbon VanilleStay Spiced Bourbon Vanille

Nohaltegkeet

Nohaltegkeet gëtt bei Stay Spiced grouss geschriwwen. Si garantéiere fir:

  • 100% Hierstellung aus Éisträich
  • 100% recycléierbar Verpackung, ouni Plastik
  • CO2-Neutralen Transport
  • Hiere Stroum bezéihen se aus 100% erneierbaren Energiequellen

Fazit

Vu Gewierzer, Gewierzmëschungen, Ueleg, Zoossen, Esseg, Geschenkboxen fir all Uleies, hu si fir jiddereen daat passend. Sief et fir ze verschenken, oder fir selwer ze benotzen.

Sidd dir virwëlzeg? Da kommt bei Feier a Flam laanscht a kuckt Iech un, wat mir vu Stay Spiced bei eis am Buttek stoen hunn. Fir all Är Liiblingsrezepter ass mat Sécherheet daat Richtegt dobäi.

Oder luust an eisem Onlineshop eran ënnert dësem Link.


Virstellung: Stay Spiced
Tom EWERLING 12 Mäerz, 2023
Share this post
Archive