BESCHREIWUNG

Dëse Cours geet exklusiv ëm Fleesch, wéi een et soll auswielen a behandelen fir de perfekte Steak ze grillen. Mer erklären d’Maturatioun (inkl. Dry age) an, a weise wéi een aus villen – oft nach manner bekannte – Stécker Fleesch e richtege Leckerbësse kann zauberen.
Déi verschidde Methode fir dëst Fleesch zouzebereeden, kombinéiert mat enger grousser Auswiel vu Salz a Peffer garantéiert eng Fanger-leckend Experienz.


SCHWÉIERPUNKTER

– Wéi grillt een e perfekte Steak?
– Wéi erkennt een e gutt Stéck Fleesch?
– Erklärungen zu verschiddene Cuts, a wéi een se am beschten zoubereed
– Benotze vu verschiddensten Technike fir dat Bescht aus dem Fleesch ze huelen

AM COURS ABEGRAFF SINN:

– Ronn 4 Stonne Cours a gemittlecher Ronn (Limitéiert op 15 Persounen fir e Maximum u Qualitéit ze garantéieren)
– Schmaache vu Fleesch à go-go queesch duerch de Gaart
– Gedrénks (inkl. alkoholeschem Gedrénks)

Notizen:
D’Course sinn ab enger Mindest-Unzuel vun 8 Participanten garantéiert.
Et gëllen eis aktuell Bestell- a Stornobedingungen!