COURSEN A GRILLEVENTS
Feier a Flam steet fir d’Freed un der Zoubereedung vu qualitativem Iessen. An eise
Coursen
a
Grillevents
kritt dir gewisen, dass Grillen hautesdags méi ass, wéi nëmme Grillwurschten iwwer der Kuel ze dréinen.
D’Palette vun de Course geet vun
Ufänger
iwwer
avancéiert Techniken
, bis hin zu
spezialiséierte
Course
wéi
d’Wantergrillen
, reng
Vegetaresch
grillen, oder esou guer spezialiséiert
Kannergrillcoursen
.
Niewt de Coursen gëtt et awer och
Events
, wéi z.B.
Steak
Tastings
, an deenen dir Ënnerscheeder tëscht
Räifungsmethode
gewuer gitt, d’Virdeeler vu verschiddene spezialiséierte Zouschnëtter (
Cuts
) ze schätze léiert, a léiert wéi een e
perfekte
Steak
ka grillen.
Steak Tastings Whisky Spezial
kombinéieren dat bescht vum Fleesch mat beschten, exklusive Whiskyen.
All Coursen an Events ginn a klenge Gruppen organiséiert, sou dass garantéiert ass, dass jidderee Spaass kann hunn, an e Maximum vun den Tipps a Wëssenswertem ronderem d’Grille kann dovun droën.


Am Basis Grillcours kréien d’Participanten d’Grondlage vum moderne Grille gewisen, um Kuelegrill wéi och um Gasgrill. Mer ginn op verschidde Grillmethoden an Techniken an, a bereeden zesummen de Menü um Grill zou, deen dono giess gëtt.

AVANCEIERTE GRILLCOURS
Den Avancéierte Grillcours setzt um Basis Cours op, an ass virun Allem fir Leit déi hiert Grondwësse vum moderne Grille wëlle verdéiwen an diversifiéieren.
De passionnéierte Griller kritt eng Rei avancéiert Grilltechniken a Grillmaterial gewisen, a kann hëllefen e puer ongewéinlech Saachen um Grill ze zauberen.

STEAK TASTING
Dëse Cours geet exklusiv ëm Fleesch, wéi een et soll auswielen a behandelen fir de perfekte Steak ze grillen. Mer ginn op den Ënnerscheed tëscht Wetage an Dryage an, a weise wéi een aus villen – oft nach manner bekannte – Stécker Fleesch e richtege Leckerbësse kann zauberen.
Déi verschidde Methode fir dëst Fleesch zouzebereeden, kombinéiert mat enger grousser Auswiel vu Salz a Peffer garantéiert eng Fanger-leckend Experienz.

STEAK TASTING WHISKY SPEZIAL
Am Steak Tasting WHISKY Spezial kombinéiere mer dat bescht vum Fleesch mat beschte Whiskyen. Aus ausgewielte Cuts vum lokale Metzler zaubere mer e klenge Leckerbëssen deen et versteet d’Fleesch besonnesch ervirzehiewen. Aus enger grousser Auswiel vun eenzegaartege Whiskyen präsentéiere mir bei all eenzelem Gang ee passende Whisky zum Fleesch am Detail.
Esou kënnen d’Participanten vun dësem Cours déi ideal Kombinatioun vu Whisky a Fleesch genéissen, an an engem Rëtsch villes iwwer Fleesch a Whisky bäiléieren.

WANTERGRILLCOURS
Grillen am Wanter mécht Spaass, wann ee weess wéi et geet. Genee dat Wësse bitt dëse Cours, sief et mat der richteger Auswiel vum Grill oder dem Menü dee soll drop zoubereed ginn.
Mat de richtegen Tipps an Tricks kann ee verhënneren dass de Grill ausgeet, an d’Iessen richteg grillt amplaz just w
otlech ze ginn.