Broil King
Ee Guide fir Qualitéitsgrillen
31 Mäerz, 2023 by
Broil King
Tom EWERLING


Broil King ass een a Kanada usässegen Grillhiersteller, dee säit iwwer 40 Joer héichwäerteg Griller hierstellt.
Haut ka Broil King op eng räich Geschicht vun Innovatioun, Handwierkskonscht an Engagement zréckblécken, fir sénge Client'en dat bescht Grillerliefnis ze bidden.


Broil King Baussekichen

Geschicht vu Broil King Grills

1904 huet den Theodore Adam Witzel d'Rite-Away Fountain Pen Company zu Berlin, Ontario, Kanada (haut Kitchener, Ontario) gegrënnt. D'Firma huet Füllfiederen an Tënt hiergestallt. Zwee Joer méi spéit, am Joer 1906, huet d'Firma opgehale Schreifinstrumenter ze fabrizéieren an huet sech op d'Fabrikatioun vun Hand- an elektresche Staubsauger spezialiséiert. D'Firma war déi éischt a Kanada fir dës Produit'en ze fabrizéieren an ze verkafen. 

Am Joer 1908 gouf d'Firma Onward Manufacturing Company Limited ëmbenannt an huet ugefaange Miwwelen mam Numm "The Sliding Furniture Shoe" ze fabrizéieren. 

Am Joer 1909 krut den T.A. Witzel exklusiv Rechter fir Eureka Elektrostaubsauger am brittesche Räich ze fabrizéieren an ze verkafen. Eng zweet Firma, d'Eureka Vacuum Cleaner Company, gouf gegrënnt. Eureka Retail Geschäfter goufen uechter Kanada etabléiert fir Eureka  Elektrotaubsauger, Hausstaubsauger an elektrësch Wäschmaschinnen ze verkafen. 

Wärend dem Zweete Weltkrich goufen déi meescht vun de reegelméissegen Aktivitéite vun der Firma ënnerbrach, well se Handwierksgeschir, Formen an Deeler fir Fligeren, Munitiounskëschten, Panzer a Minnen hiergestallt huet. Nom Krich huet d'Firma erëm Staubsauger iwwer Händler verkaaft. D'Fabrikatioun vu Schief an Armaturen ass 1946 a Betrib gaangen. Den Theodore Adam Witzel, de Grënner vun der Firma, ass 1948 gestuerwen. Säi Jong, Theodore Andrew Witzel Sr. (1918-1955), deen 1935 an d'Firma koum, gouf President. 

Tëscht 1949 an 1960 huet d'Firma Speed ​​​​Queen Wäschmaschinnen an Trockner, Emerson a Motorola, an elektronesch Produkter zu Ontario agefouert. Si hunn Jenn Air Kachmaschinnen, Sub-Zero Frigoen an Tiefkühleren, Weber Griller an d'Elektronik-Linn vun Panasonic a Kanada agefouert. 

2001 gouf d'Hardware Divisioun vun Onward Cluthé Hardware Products Inc. u Richelieu Hardware vu Montreal verkaaft, fir datt d'Firmen sech op d'Erweiderung vum Gasgrill, Sprëtzformen an Hausapparatgeschäfter konzentréieren.

Am Joer 2010 gouf OMC Barbecues AB gegrënnt fir hire wuessende Clientsstamm a Schweden, Finnland, Norwegen, Dänemark, Island an Estland z'ënnerstëtzen. Broil King a GrillPro goufen am Joer 2012 nei entworf an hir Verpakung gouf vu Grond op fir Honnerte vu Produit'en nei designt.

Am Joer 2013 stellt Broil King d'Baron Gasgrill Serie vir, déi en eenzegaartegen a modernen Design huet. Zur selwechter Zäit schléisst Onward säi Verdeelungsofkommes fir dem Weber Stephen séng Produkter a Kanada of, a Broil King Griller kommen an de Fokus well Onward sech selbststänneg mécht. 

Déi wuessend europäesch Presenz gëtt am Joer 2016 erweidert fir Broil King Frankräich ze erweideren, a Broil King Schweiz AG gëtt gegrënnt fir déi Schwäizer Clienten z'ënnerstëtzen. Am Joer 2017 gouf Broil King Däitschland GmbH iwwerholl fir deen däitsche Maart z'ënnerstëtzen.

Haut ass Broil King weiderhi féierend an der Grillbranche a bitt eng breet Palette u Griller an Accessoiren, fir de Client'en hire Besoin'en beschtméiglech gerecht ze ginn.

Wou gi Broil King Grills gebaut?

Broil King Griller gi mat Stolz a Nordamerika gebaut. Hier Griller ginn ënner Anerem an hirer héichmoderner Anlaag zu Waterloo, Ontario a Kanada hiergestallt. Dës Ariichtung verfüügt iwwer déi neist Technologie an Ausrüstung, fir sécherzestellen, dass all Grill no den héchsten Qualitéitsstandards gebaut ginn.

Interessant Fakten iwwer Broil King

Qualitéit gëtt bei Broil King grouss geschriwwen. Bis op 2 Deeler gëtt all eenzelnt Stéck vu Broil King Griller a Kanada oder USA hiergestallt, souguer och Plastikstécker, vue dass si och hier eege Plastic Molding Firma hunn. Eenzeg d’Grillroster an d’Tübe ginn akaaft, dofir awer och all eenzel per Hand getest, ob d'Grillroster net verbéit sinn an d’Tübe funktionéiere wéi se sollen.

Enner Anerem huet Broil King eng Villzuel u patentéierten Technologien, déi et de Griller erméiglechen, eng gläichméisseg Temperatur oprecht ze erhalen an eng besser Hëtztverdeelung z'erreechen.

Broil King Grill

Grillmodeller vu Broil King

Broil King bitt eng grouss Auswiel u Griller an Accessoiren, fir de Besoin'en vun alle Grillbegeeschterten gerecht ze gin. D'Monarch-, Signet-, Sovereign-, Regal- an Imperial-Serien an anerer vu Broil King Grills, sinn alles Qualitéitsentscheedungen fir usprochsvoll Grill-Enthusiasten. 

  • Broil King Imperial: D'Imperial Gasgriller sinn d'Flaggschëffer vu Broil King a richteg Luxus-Gasgriller, déi all Wonsch erfëllen. D'Imperial-Serie verfügt ënner Anerem iwwer leeschtungsstaark Edelstol Dual-Tube Brenneren, brochfest gossen Edelstolgrillrosten an Infrarout Säitebrenner mat 2.9kW. D'Imperial Serie ass och als encastrabelen Modell ze kréien, wat och interessant ass wann een eng Baussekichen huet oder plangt.
  • Broil King Regal: D'Regal-Serie ass een echte Profigrill. En ass an allen Hinsichten massiv mat sénger Sure-Lite-Elektrozündung a sénge leeschtungsstaarken Edelstol Dual-Tube Brenneren an engem Warmhalterost aus Edelstol. D'Regal Serie gëtt et nieft dem Gasgrill, och als Pelletgrill, fir e fantastescht Reechererliewnis ze garantéieren. D'Regal-Serie gëtt et aktuell als Gas-, Pellet,- Holzkuelen-, souwéi och als encastrabelen Grill.
  • Broil King Baron: Massiv Gossgrillroster, leeschtungsstaark Dual-Tube-Brenneren an deen duebelwandegen Deckel mécht de Baron vu Broil King zu engem zouverlässege Gasgrill fir all Ufänger oder Profigriller. 
  • Broil King Crown: Leeschtung a Villsäitegkeet bitt dëse Modell mat engem zäitgeméisse Look. Doriwwer eraus verfüügt dës Serie iwwer duebelsäiteg benotzbar Grillroster. Zudeem huet déi Serie och nach  Flav-R-Wave™  aus Edelstol, déi d'Flëssegkeeten verdämpen loossen. Och  dës Serie ass als Gasgrill an och als Pelletgrill ze kréien. 
  • Broil King Signet: De Broil King Signet ass en Allrounder mat  ënner Anerem 3 Edelstolbrenner, Gossgrillrosten mat enger Gréisst vu 65x38cm an engem Korpus, deen dem Wand stand hält.
  • Broil King Monarch: Broil King huet Griller fir all Budget awer déi héichwäerteg Qualitéit bleift ëmmer déi selwecht. Dëst ass wat d'Monarch-Serie vum Rescht ënnerscheet. All Grill huet eng raschtbeständeg Goss-Aluminium Cuve, performant Dual-Tube Brenner an haltbar Edelstol Komponenten. 
  • Broil King KEG: Vu Broil King gëtt et och e Kamadogrill. Dëse robusten Holzkuelgrill huet eng isoléiert duebelwandeg Stolkonstruktioun, eng Ofloftreguléierung a nach villes méi, mat deem en séng Aufgabe vun einfach Grillen, Smoken, iwwer Baken a Reecheren perfekt meeschtert.

Dës a nach aner Modeller, begeeschteren all Grillufänger, souwéi och Grillprofi ab dem éischte Bléck.

Waat ënnerscheed Broil King vun anere Premiummarken?

Broil King Grills si fir hir héichwäerteg Qualitéit an innovativ Technilogie bekannt an ënnerscheede sech vun aanere Grillmarken op verschidden Art a Weis:

  • Brennertechnologie: Broil King Grills verwenden eng innovativ Brennertechnologie, déi sech "Dual Tube Burners" nennt. Des Brenner suerge fir eng gläichméisseg Hetztverdeelung a reduzéieren gläichzäiteg déi kaal Plazen um Grill.
  • Materialqualitéit: d'Griller vu Broil King sinn aus héichwäertegen Materialien wéi Edelstol, Goss an Aluminium. Dës si laanglieweg a widerstandsfäeg géint Korrosioun. D'Cuve vu Broil King Griller si komplett zou, sou dass sécherlech keng Hëtzt wärend dem Grillen verluer geet.
  • Grillfläch: Broil King Griller bidden eng grouss Grillfläch, wat hinnen erméiglecht e puer Plat'en gläichzäiteg ze grillen. Dëst ass ideal fir grouss Familljen oder wann een heefeg Gäscht empfänkt.
  • Accessoiren: Broil King Grills bidden eng Villzuel vun Accessoiren un, wéi zum Beispill Grillrostverlängerungen, Säitebrenner, Rotissoiren a Wokpanen. Des Accessoiren erweideren d'Funktionalitéit vum Grill an erméiglechen et engem eng grouss Villfalt u Plat'en ze grillen.  Flav-R-Wave  aus Edelstol suerge fir déi optimal Hëtztverdeelung an Aroma vun all äre Plat'en.
  • Garantie: Broil King bidden eng laang Garantie op hire Griller, déi jee no Modell an Ausstattung ënnerschiddlech ausfält. Dës Garantie gëtt dem Client d'Vertrauen, dass en een héichwäertegen Produit kaf huet, deen en iwwer Joren ewech begleede wäert.

Am grousse Ganzen zeechnen sech Broil King Grills duerch hier héich Qualitéit, Laangliewegkeet, Funktionalitéit a Garantie aus, a bidden dem Client een optimalt Grillerliewnis.

Accessoiren

Natierlech bitt Broil King och déi passend Accessoiren zu senge Griller un, déi onerlässlech sinn, fir ee super Menü um Grill ze kreéieren.

  • Grillrosten: Broil King bitt eng Villzuel u Grillrosten a verschiddene Gréissten a Materialien un, dorënner aus Edelstol a Goss.
  • Grillpanen: Des Grillpanen kënne benotzt gi fir Geméis, Fësch, oder aner empfindlech Liewensmëttel um Grill ze broden.
  • Grillbesteck: Grillbesteck, wéi Zange, Spachtelen, oder Spießer sinn onerlässlech fir lecker Menü'en um Grill ze zauberen.
  • Houssen: Eng Housse fir all Modell, fir dem Wieder ze trotzen an de Grill ze schützen ass e Muss fir all Grill Besëtzer.
  • Rotisserie-Set: E Rotisserie-Set ka benotzt gi fir ganz Pouleten oder aner Broten um Grill gläichméisseg ze grillen.

Dës sinn nëmmen e puer vun den Accessoiren, déi vu Broil King ugebuede ginn. Et gi vill méi Optiounen jee nodeem wéi eng Zort Grill Iech méi zouseet.

Fazit

Broil King Griller sinn eng perfekt Wiel fir jiddereen, deen en héichwäertegen an effiziente Grill sicht. Mat sénger ëmfaassender Geschicht un Innovatioun, Handwierkskonscht an Engagement fir daat bescht Grillerliefnis ass Broil King eng vertrauenswierdeg Mark, déi Qualitéit a Leeschtung an all eenzel vun hinnen hiergestallte Grill liwwert.

Wann och Dir interesséiert sidd un engem Broil King Gasgrill, oder einfach nëmmen weider Informatiounen wëllt hunn, da kuckt gären ënnert dësem Link, oder schwätzt eis direkt am Buttek dorop un.

Broil King
Tom EWERLING 31 Mäerz, 2023
Share this post
Archive